06/06/2026
Léif Leit,
Bis November sinn ech am Congé Parental a maachen offiziell keng Fotoen. Well ech mäin Hobby awer erweideren an iech regelméisseg mat neie Fotoe begéinen wëll, proposéieren ech 1 gratis Shooting de Mount!
Ech benotzen dës Fotoen duerno fir op menge Social Media Kanäl ze posten ënner dem Motto: Rëm ranzeschaffen an Neies ausprobéieren! 😉
📅 Wéini fënnt et statt?
Méint: Juni, Juli, August, September an Oktober
Deeg: Entweder Mëttwochs moies oder Freides moies (aner Deeg sinn leider net méiglech).
Dauer: Plus-minus 15 bis 20 Minutten (Mini-Shooting).
Datumer déi fräi sinn:
☀️ Mëttwoch, 1. Juli – 09:30 Auer
🌻 Freideg, 7. August – 09:30 Auer
🍁 Mëttwoch, 23. September – 09:30 Auer
🍂 Freideg, 16. Oktober – 09:30 Auer
🎨 Wat kritt dir?
Dir kritt d'Fotoen vu mir an engem schéine, faarweg beaarbechte Layout zougeschéckt. Déi exakt Unzuel u Fotoe kucken ech dann spontan nom Shooting.
Wann dir Loscht hutt, da mellt iech gäre bei mir!
LG,
Cynthia