06/09/2026
Gudden Owend, Dir sicht nach eppes originelles vir aert Firmenfest oder soss een Event?
Dann ass dat heiten vir Iech:
Presentation vun eisem NEO - Roboter
Wéi leeft dat of?
Mir komme gäre bei Iech laanscht, fir Iech eisen NEO Roboter virzestellen an Iech ze weisen, wat alles méiglech ass. Dobäi erklären a demonstréiere mir d’Funktioune vum NEO, schwätzen iwwer déi verschidde Méiglechkeeten an diskutéieren zesumme mat Iech, wéi mir eise Produit am beschten an Ärem Betrib oder bei Ärer Veranstaltung kënnen asetzen.
No dësem éischte Gespréich kënnt de prakteschen Deel: Dir kënnt den NEO live an Aktioun erliewen an Iech selwer e Bild vun de Méiglechkeete maachen. Natierlech gehéiert och eng kleng Demonstratioun dozou, bei där Dir Är eegen Karikatur gezeechent kritt.
Mir beroden Iech, weisen Iech d’Méiglechkeete vum NEO an hoffen, domat de Grondstee fir eng zukünfteg an erfollegräich Zesummenaarbecht mat Iech ze leeën.
Wann Dir Interessi un enger Presentatioun hutt, sot eis w.e.g. Bescheed (per Mail oder Whatsapp um 621374948).
Mir sichen dann zesumme mat Iech e passenden Datum eraus, fir datt mir mat eisem Staff bei Iech laanschtkomme kënnen.
Mir freeën eis, Iech den NEO perséinlech virzestellen!
PS: Hei hutt Dir Méiglechkeet schonns bëssi ze kucken:
Eisen NEO erstellt a zeechent a Sekonnen aus ärer Foto eng Karikatur a mécht Är Veranstaltung zum Gespréichsthema. Bucht elo Är Attraktioun fir den nächsten Event!