Cheese.lu – Fotoreportagen vun Hochzäiten, Gebuertsdagsfeieren, Firmen-Evenementer, Cocktails, asw. Niewent de Foto-Reportagen, schaffe mir gär mat Iech zesummen e komplett Konzept aus fir de passende roude Fuedem duerch ären Event ze fannen. Mat eiser zousätzlecher Erfahrung an de Grafik an Design Beräicher kenne mir Iech en optimalen a komplette Service ubidden, fir är : Invitatioun, Remerciemen
t, Menüskaart, asw… Der Fantasie si jo oft keng Grenze gesat. Iwwert eis
Frank & Nicolas
Keng Koppel mee e gutt Team wat seng Kompetenzen an dësem Projet zesummebréngt, fir en optimale Service an de Beräicher Fotoreportagen an Event Design unzebidden. De Frank Meiers zoustänneg fir d’Fotoen, huet seng Erfahrunge mat groussen Evenementer virun allem duerch d’Organisatioun vum "Food for Your Senses Festival" gesammelt, wou hien zënter Joeren Deel vun der Ekipp ass. Och wann seng Studien hien net direkt an d’Richtung visuell Sproch guidéiert hunn, sou huet d’Attraktivitéit vun der Fotographie hien awer fest am Grëff an hie schléisst seng professionell Ausbildung dëst Joer of. De Nicolas Felten schafft zënter 5 Joer an der Grafik a Web Agence cropmark a war als DJ op villen Evenementer am Land vertrueden. Seng Erfahrungen als Hochzäits-DJ léisst hien natierlech an dëse Projet erafléissen. Grafik Ekipp
cropmark ass eng Grafik a Web Agence déi zënter 1996 zu Lëtzebuerg mat gudder Arbescht z’iwwerzeege weess. Eng Ekipp vun 8 Léit bekëmmert sech ëm eng breet Panoplie vu Projeten déi fir Client’en aus dem kulturelle wéi och private Sektor realiséiert ginn.